Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen
Maerzeger Schoul

Home

Login


Agenda


15.02: Congé de Carnaval
05.04: Vacances de Pâques
21.04: Lundi de Pâques
01.05: La fête du Travail
09.05: Journée de l'Europe

Kalenner
Liesowend am C1
28.02.2025

Liesowend am C1



Save the date: Freides, den 28. Februar 2025 vun 16.30-19.00 Auer

Fotoe vum Zirkusprojet mam Circus ZappZarap
09.09.2024

Fotoe vum Zirkusprojet mam Circus ZappZarap



Vum 1. bis de 6. Juli 2024 huet an Zesummenaarbecht mam Circus ZappZarap eise pädagogeschen Zirkusprojet stattfonnt.

Déi ganz Woch hunn d’Kanner a gemëschte Gruppen eng Nummer astudéiert fir um Enn vun der Woch hier Konschten an Tricker dem Publikum am Zelt ze virzeféieren.

Et war eng ganz aussergewéinlech Erfarung fir d’Kanner, d’Educateuren an d’Enseignante vun der Mäerzeger Schoul.

Du 1er au 6 juillet 2024, notre projet de cirque pédagogique a eu lieu en collaboration avec le cirque Circus ZappZarap.

Pendant toute la semaine, les enfants se sont exercés en groupes mixtes pour apprendre des numéros qu’ils ont pu ensuite présenter au public sous le chapiteau, à la fin de la semaine.

Ce fut une expérience extraordinaire pour les enfants, les éducateurs et les enseignants de l'Ecole fondamentale de Mertzig.

Formulaire Demande de dispense de suivre les cours
10.07.2024

Formulaire Demande de dispense de suivre les cours



Eng Dispens ka mat enger schrëftlecher a motivéierter Demande, unhand vum entspriechende Formulaire ugefrot ginn:

  • beim Titulaire vun der Klass fir 1 Dag

  • beim Schoulpresident fir méi Deeg

Laut Artikel 12 vum Gesetz vum 20. Juli 2023 vum Schoulgesetz, kann aus deene follgende Grënn eng Dispens ugefrot ginn:

  • ee wichtegt Evenement an der Famill

  • eng kulturell, karitativ oder biergerlech Aktivitéit

  • eng sportlech Aktivitéit (Deelhuelen u sportlechen Epreuven)

De Formulaire muss spéitstens 3 Schaffdeeg virun der Absence dem Titulaire respektiv dem President vum Schoulcomité virgeluecht ginn.

Den Total vun accordéierten Dispensen däerf 15 Deeg pro Schouljoer net iwwerschreiden an et däerfen och net méi wéi 5 Deeg um Stéck sinn, ausser de Minister hätt een Accord ginn.



Klickt op de follgende Link fir de Formulaire erofzelueden: